1. D’Bäihëllefe fir Wënzer, Uebst- a Geméisbaueren, déi vun der Dréchent betraff sinn, waren e Sujet, de Mëtten, an der Chamber. Et brauch 3 Konditiounen, fir vun deenen Hëllefe profitéieren ze kënnen.
2. D’Affär ëm d’Wäisswäsche vu Suen an ëm den Ëmgank mat problematesche Cliente bei der Deutsche Bank léisst och d’Politik an eisem Nopeschland reagéieren. Fir de Finanzminister Lars Klingbeil brauch et komplett Transparenz.
3. Am europäesche Volleyball probéiert Luerenzweiler an Norwegen, fir an d’16els-Finale vum Challenge-Cup ze kommen, an am europäesche Basket spillt d’Dammen-Nationalekipp a Groussbritannien e weidere Match an der EM-Qualifikatioun.