arrow_back_ios
100komma7.lu
100komma7.lu
/ Invité:e vum Dag
Episoden
René Pizzaferri
Uganks 2017 soll dat neit Spidolsgesetz a Kraaft trieden. Wat bedeit dat an Zukunft fir d'Patienten? Erklärunge mam President vun der Patientevertriedung.
Luc Dhamen
Mam Direkter vum Fonds Belval schwätze mir iwwer d'Entwécklung vum Site an d'Kritiken, déi Mëtt dës Joers vu Säite vun der Uni komm sinn.
Jutta Lux-Henneke
Mat der Presidentin vun der Federatioun vun den Elterevereenegungen (FAPEL) geet Rieds iwwer d'Entwécklungen an der Educatiounspolitik.
Philip Crowther
Den 100,7 USA-Korrespondent zum leschte Stand zu den US-Presidentewahlen.

Yuriko Backes
Wéi begeeschtert een haut fir Europa? Dat ass d'Fro un déi nei Cheffin vun der Representatioun vun der EU-Kommissioun zu Lëtzebuerg.

Serge Allegrezza
Am Kader vun der Zukunftsdebatt ënnerhale mir eis mam Statec-Direkter Serge Allegrezza iwwer Prognosen, an doriwwer, wat qualitative Wuesstem ass.
Marc Baum
Den Deputéierte vun déi Lénk schwätzt iwwert d'Reform vum PAN-Gesetz, dat d'Aarbechtszäite vu Salariéë soll regelen. Aner Sujeten: CETA an d'EU-Flüchtlingspolitik.

Jeannot Erpelding
Mam Direkter fir International Affaire bei der Chambre de Commerce schwätze mer iwwert den Impakt vun de russesche Wirtschafts-Sanktiounen an nei Commerce-Méiglechkeete fir Lëtzebuerg am Ira

Michel Lucius
Den éischten November huet de fréiere Vize-Direkter vum Prisong vu Schrasseg d'Successioun vum Vincent Theis iwwerholl.

Andreas Fickers
Den Direkter vum "Luxembourg Center for Contemporary and Digital History" erkläert d'Ausriichtung vum neie historesche Fuerschungsinstitut.
Denis Mukwege
De Gynekolog a Mënscherechtsaktivist behandelt a senger Heemecht Kongo Fraen, déi Affer vu sexueller Gewalt gi sinn.
Janine Reuland-Schneider
Déi nei Presidentin vum "Conseil National des Femmes" schwätzt iwwert Fraerechter, Quoten a jonk Feministinnen.
Lydia Mutsch & Alain Schmit
D'Gesondheetsministerin an de President vun der AMMD diskutéieren iwwert d'Spidolsgesetz.
Marc Angel
De President vun der ausssepolitescher Chamberkommissioun schwätzt iwwert de geplangten europäesch-kanadesche Fräihandelsaccord CETA.
Marco Schank
Am Mee 2014 sinn Onlinepetitiounen zu Lëtzebuerg agefouert ginn. De CSV-Deputéierten a President vun der Petitiounskommissioun zitt e Bilan.
Patrick Arendt & Patrick Remakel
Mat de Vertrieder vun den Enseignantsgewerkschaften am Fondamental geet Rieds iwwer déi nei Tëschebilanen an d'Qualitéit vun der Schoul.
Marc Hansen
Ass et nach méiglech, fir eng bezuelbar Zomm hei am Land ze wunnen? Doriwwer geet Rieds mam Logementsminister Marc Hansen (DP).
Jean-Claude Reding
Mam President vun der Chambre des Salariés, där gréisster Beruffskammer am Land, geet Rieds iwwert de Staatsbudget fir d'Joer 2017.
