
arrow_back_ios
100komma7.lu
100komma7.lu
/ Invité:e vum Dag
Episoden


Nicolas Schmit
Dee fréieren LSAP-Minister féiert déi europäesch Sozialisten als Spëtzekandidat an d’Walen. Mee huet hie wierklech Chancë Kommissiounspresident ze ginn?

Marlène Negrini
D’Policegewerkschaft SNPGL weist sech skeptesch géintiwwer dem Stater Heescheverbuet. Wéi eng Erfarungen hunn d’Poliziste bis elo Terrain gemaach? Mir froen d’SNPGL-Presidentin.

Spezial: Wéi ass d'Wiederlag den Ament?
Wéinst staarkem Äisreen gëllt zanter 6 Auer déi héchst Wiederwarnung. Mam Luca Matthias vu Meteolux a mat eiser Reporterin Sophie Schroeder maache mir de Point.

Sylvain Hoffmann
Déi nei Sozialministesch wëllt de Pensiounssystem iwwerdenke fir d’Pensiounen ofzesécheren. Mee ass dat wierklech néideg? Mir froen den Direkter vun der Chambre des Salariés.

Jean-Claude Hollerich
Mam Lëtzebuerger Kardinol schwätze mir iwwer d'Zukunft vun enger Kierch, där hir Bedeitung ofhëllt.

Gilbert Pregno
No zéngJoer un der Spëtzt vun der consultativer Mënscherechtskommissioun stellt de President säi Posten zur Verfügung.

Jill Goeres
No sechs Méint un der Spëtzt vun der Gemeng Bech: Froen un déi jéngst Buergermeeschtesch am Land.

Guy Hoffmann
Vun A wéi Agencen bis Z wéi Zënsen: Froen un de President vun der Raiffeisebank

Paul Nathan
De Vize-President vun der Handwierkerkammer iwwer d’Suergen an d’Erwaardunge vun der Baubranche.

Carole Reckinger
Zanter Kuerzem däerf een an der Stad net méi heeschen. Wat bedeit dat fir Leit, déi op der Strooss sinn? Mir froen déi politesch Spriecherin vun der Caritas.

Leonie de Jonge
Och 2024 gëtt e Superwaljoer: Nach ni goufen et ronderëm d’Welt esou vill Wale wéi dëst Joer. Riskéieren och esou vill Populiste gewielt ze gi wéi nach ni virdrun? Dat froe mir eng Lëtzebuerger Populismus-Fuerscherin.

Monique Reiff
Déi nei Regierung wëllt d’Spideeler entlaaschten, andeems se méi klengen Dokteschpraxisse méi Méiglechkeete gëtt. Mee déi festagestallte Spidolsdoktere si skeptesch. Mir froen hir Presidentin firwat.

Isabelle Schlesser
D’Ekonomie dréit am Moment méi lues, an de Chômage klëmmt. Wéi vill Suerge muss ee sech fir 2024 maachen? Mir froen d’Direktesch vum Aarbechtsamt ADEM.

Shirley Feider
Wou gëtt et am Ëmgang mat de Patienten nach Loft no uewen? Dat froe mir d'Presidentin vun der CAPAT, dem Daachverband vun de Patientenassociatiounen.

Raymond Conzemius
En Ausbléck op d'Olympesch Spiller vu Paräis mam techneschen Direkter vum COSL

Carole Hartmann
Réckbléck op en erfollegräicht Superwaljoer, mat der DP-Generalsekretärin an neier Iechternacher Buergermeeschtesch.

Djuna Bernard
2023, en Annus horribilis fir déi gréng. Réck- an Ausbléck mat der Co-Presidentin vun der Partei.

Julien Licheron
Wéineg Aktivitéit um Lëtzebuerger Wunnengsmaart am 3. Trimester 2023: d’Analys vum LISER-Fuerscher
