
arrow_back_ios
100komma7.lu
100komma7.lu
/ Invité:e vum Dag
Episoden


Nora Back
Véier Deeg nom Leak vum Koalitiounsaccord a véier Méint virun de Sozialwalen: Froen un d’OGBL-Presidentin.

Pia Oppel a Christoph Bumb
D’100,7-Journalistin an de Reporter.lu-Chefredakter analyséieren de Koalitiounsaccord.

Marc Spautz
Froen un den neie President vun der CSV-Fraktioun an der Chamber

Sam Tanson
Haut nach Ministesch, vun en Dënschdeg un Oppositiounsdeputéiert: Froen zu där neier Roll

Taina Bofferding
Trotz hirem gudde Walresultat war d'nach-Ministesch net onbedéngt predestinéiert fir Presidentin vun hirer Fraktioun, der LSAP ze ginn. Wéi wëllt si virgoe fir déi nei Ekipp zesummenzeféieren.

Karin Weyer
Hunn Ufeindungen an och Menacë géint Judden Zanter dem Ufank vum Krich am Noen Osten zougeholl. Dat froe mir d’Direktesch vum Zenter géint Radikaliséierung, méi bekannt ënner dem Numm respect.lu.

Christian Oberlé
De finanziellen Equiliber vun der CNS kënnt a gutt dräi Joer un d'Wackelen. Musse mir geschwënn all méi abezuelen, a kéint et zu Verschlechterunge bei de Leeschtunge kommen? Dat froe mir de President vun der CNS.

Emile Eicher
Accueil vu Flüchtlingen: Loossen d’Gemengen de Staat am Stéch? Froen un den aktuellen (an zukünftegen?) President vum SYVICOL

Dr. Philippe Türk
No der Quadripartite vu gëschter: Froen un de President vun der Federatioun vun de Spideeler (FHL) iwwer d’Finanzsituatioun a -perspektive vun der CNS.

Daniel Kohl
Den neien Direkter vum Cluster for Logistics iwwer Problemer, Suergen, Chancen an Erausfuerderunge vun der Logistik-Branche

Franz Fayot
Den nach-Wirtschaftsminister kritiséiert d’Budgetspolitik vun der nächster Regierung schonn éier déi nei Koalitioun steet. Opgrond vu wat?

Lis de Pina
Iwwer 900 Reklamatiounen huet d’Médiation Scolaire schon entgéint geholl zanter se viru fënnef Joer gegrënnt gouf. Mee wéi kann dee Service iwwerhaapt hëllefen? Mir froen d’Cheffin vum Service.

Georges Merenz
Iwwer 100 Joer laang war de Landesverband eng eegestänneg Eisebunnergewerkschaft. Mee elo gëtt en en Deel vum OGBL. Mir ënnerhalen eis mam leschte President.

Felix Wildschütz
Virun zwou Wochen huet e klenge franséischen Zirkus fir Opreegung gesuergt, well en exotesch Déiere mat an d’Land bruecht huet. Wéi dacks kënnt esou eppes vir? Mir froen den Direkter vun der Veterinärverwaltung.

Leo Wagener
Muer op Allerhellege gedenke vill Leit de Verstuerwenen aus hirem Ëmfeld. Mee wéi grouss ass déi reliéis Bedeitung vun deem Dag nach? Mir froen de Weibëschof.

Netty Tinnes
D’Associatioun vun de Publicitéitsagencë warnt virun enger Kris an hirem Secteur. Wat sinn d’Grënn dofir?

Marc Hostert
Digitalisatioun am Gesondheetsberäich – wou si mer drun? Den neie President vun der Agence eSanté mécht de Point.

Martina Holbach
Greenpeace Lëtzebuerg huet getest, wéi eescht d’Banken hir Obligatioun huele fir Clienten op nohalteg Finanzproduiten hinzeweisen. Déi zoustänneg Campaignerin erkläert.
