arrow_back_ios
100komma7.lu
100komma7.lu
/ Invité:e vum Dag
Episoden
Claude Wiseler
E Gespréich mam Co-President vun der CSV iwwer d'Enjeue vun der Tripartite a seng Decisioun, net mat an d'Gemengewalen ze goen.
Roland Bastian
De Generaldirekter vun ArcelorMittal Lëtzebuerg iwwer den Impakt vun den héijen Energiekäschten op d'Stolproduktioun an iwwer d'Erausfuerderung Klimaneutralitéit.
Josiane Weber
Et si Bréiwer vun der Groussherzogin Marie-Adelheid opgetaucht, déi d'Bild vun der politescher Monarchin confirméieren. Hir Biographin huet se ausgewäert.
Romain Schmit
Virun der Bipartite vun haut an der Tripartite vun e Freideg: Froen un de Generalsekretär vun der Handwierker-Federatioun
Semiray Ahmedova
Retour op d'Logements-Assisen an déi nei Virschléi, déi de Wunnengsbauminister do virgestallt huet. Mat der grénger Presidentin vun der zoustänneger Chamberkommissioun.

Daniel Porcedda
De Lëtzebuerger huet mat senger Famill zu Kiew gelieft, wéi de Krich virun engem Joer ugefaangen huet. Wat hu si zanterhier erlieft?

Francine Closener
Jiddweree schwätzt vun de Walen, mee wéi eng Steiermesurë wëllt d'LSAP nach do virdrun duerchsetzen? Mir froen d'Parteipresidentin.

Gilles Hempel
D'Acteure vum Logementsmarché sichen haut zesumme mam Minister no neie Léisungen. Wat ass sech dovun ze erwaarden? Fro un den Direkter vun der Agence Immobilière Sociale
Michael Feit
De Chef vun der internationaler Kooperatioun bei der Caritas ass eis vu Kiew zougeschalt: Wéi kann een den Ukrainer ee Joer nom Ufank vum Krich am Beschten hëllefen?
Ulf Nehrbass
Lëtzebuerg hat 2020-21 déi niddregst Iwwerstierflechkeet an der EU. Gouf an der Corona-Kris also alles richteg gemaach? Mir froen den Direkter vum Luxembourg Institute of Health.
Stefan Braum
De Professer fir Droit vun der Uni Lëtzebuerg mat Conclusioune vun engem Fuerschungsprojet iwwer den Ëmgang mat rechtsstaatleche Prinzippie wärend der Pandemie.

Carole Reckinger
Déi politesch Spriecherin vun der Caritas iwwer d'Revendicatiounen, mat deenen d'ONG déi politesch Parteien am Virfeld vun de Gemengewale konfrontéiert.

Fernand Ernster
Wéinst dem Luc Frieden sengem politesche Comeback ass de Geschäftsmann plëtzlech an onerwaart un d'Spëtzt vun der Chambre de Commerce katapultéiert ginn. Wat si seng Pläng?
