
arrow_back_ios
100komma7.lu
100komma7.lu
/ Invité:e vum Dag
Episoden


Anne Brasseur
Déi fréier DP-Politikerin iwwer déi ëmstridde Fussball-WM am Katar a populistesch Tendenzen an der Politik.

Sam Tanson
D'Justizministesch reagéiert op de kriteschen Avis vun der Justiz zu de Reformprojete vu Jugendschutz a Jugendstrofrecht.

Laurent Mosar
Den CSV-Deputéierte kritiséiert d'Regierung, well si näischt ënnerhëlt fir d'Ausliwwerung vum Fränk Schneider un d'USA ze verhënneren.

Tilly Metz
D'Europäesch Unioun gesäit sech als Virreider am Kampf géint de Klimawandel. Mee ass dat och esou? Mir froen d'Europa-Deputéiert vun déi gréng.
Andrew Ferrone
De Chefmeteorolog vum Landwirtschaftsministère vertrëtt Lëtzebuerg op der internationaler Klimakonferenz an Ägypten. Wat genee ass seng Roll do?

Claude Strasser
Mir froen den Direkter vun der Post, ob d'Zäiten, an deene säi Betrib nach Staatsbeamten agestallt huet, definitiv eriwwer sinn.
Christian Weis
Zu Esch ass de Chômage däitlech méi héich wéi op anere Plazen am Land. Mir froen de Sozialschäffe vun der Südgemeng, wat een dogéint ka maachen.

Fabricio Costa
déi jonk gréng fuerderen, datt d'Regierung an der Logementspolitik méi wäit geet. Huet hir Mammepartei hei versot? Mir froen de Spriecher vun de jonke Gréngen.
Simone Flammang
D'Justiz huet grouss Problemer mat der geplangter Reform vu Jugendschutz a Jugendstrofrecht. D'Vertriederin vum Parquet général erkläert, firwat.

Polina Bashlay a Yannick Bertrand
Live vun der Studentefoire - kuerz éier se opgeet: Froen un d'Presidentin vun der ACEL an dee fir de Volet Informatioun zoustännege Vize-President.

Joëlle Welfring
No der Chamberdebatt iwwer d'Propose vum Klimabiergerrot: Froen un d'Ëmweltministesch.
Emilien Paulis
D'Chamber debattéiert haut iwwer d'Propose vum Klimabiergerrot: wéi ass déi Experienz vu participativer Demokratie verlaf? Froen un e Politolog, deen de Projet begleet huet.
Lynn Settinger
Wéi kënnt d'CNS nees an e finanziellen Equiliber? Froen un d'Gewerkschaftssekretärin, déi sech beim OGBL mat ëm den Dossier sozial Sécherheet bekëmmert.
Yuriko Backes
Wéi grouss ass de finanzielle Spillraum fir d'Bierger wéinst den héije Präisser steierlech ze entlaaschten? Mir froen d'Finanzministesch (DP).
Fabio Spirinelli
Mam Vertrieder vum Mieterschutz Lëtzebuerg geet rieds iwwer de Gesetzesprojet iwwer d'Bail à Loyer, deen eng Rei Neierunge virgesäit.
Ginette Jones
Mat der Presidentin vun der Entente des offices sociaux iwwer den Impakt vun der Kris op d'Stéit, a wéi een am Fall vu Problemer kann ëm Hëllef froen.

Claude Simon
Mam Head of Energy bei Enovos geet rieds iwwer déi héich Energiepräisser.

Dan Kersch
Dem LSAP-Deputéierten no gëtt et Sputt fir eng Steierreform. Wat versteet hie konkret drënner? A wéi realistesch ass e Kompromëss an der blo-rout-grénger Regierung?
