arrow_back_ios
100komma7.lu
100komma7.lu
/ Invité:e vum Dag
Episoden

Martine Hansen
D'Oppositioun war, wéi gewinnt, net zefridden mam Premier senger Ried zur Lag vun der Natioun. Mee wat hätt d'CSV anescht gemaach? Mir froen hir Fraktiounscheffin.

Peter Feist a Christoph Bumb
Wat kann een sech vun dëser Regierung erwaarden? Dat froe mir e puer Stonnen virum Premier senger Ried zur Lag vun der Natioun d'Chefredakteren vum Lëtzebuerger Land a vu Reporter.lu.

Antoine Paccoud
De Fuerscher vum LISER froe mir, ob déi proposéiert Mobiliséierungs- a Leerstandssteier souwéi déi reforméiert Grondsteier wäit genuch gi fir net genotztent Bauland ze mobiliséieren.

Paulette Lenert
D'Dokteschassociatioun AMMD warnt, et wieren ëmmer manner Doktere bereet a Lëtzebuerger Spideeler ze schaffen. Wéi reagéiert d'Gesondheetsministesch dorop?
Nicola Gess
D'Literaturwëssenschaftlerin plädéiert dofir, Verschwörungstheorien net just mat Faktenchecks ze bekämpfen.
Alain Schmit
Am Ettelbrécker Spidol demissionéieren sechs Kardiologen. Ass dat en Eenzelfall, oder gëtt et e nationale Problem? Mir froen de President vun der Dokteschassociatioun.

Sven Clement
Wat géifen d'Pirate maachen, wa si an der aktueller Kris um Rudder wären? Mir froen dee bekanntste Politiker aus der Partei.

Francine Closener
Mir froen d'LSAP-Presidentin, wéi wäit hir Partei bereet ass ze goe fir nach virun de Walen eng Steierreform duerchzesetzen.

Fernand Kartheiser
Den Tripartite-Accord, de Rietsruck an Italien an d'Lächer an den Nordstream-Pipelinen si Stéchwierder am Gespréich mam ADR-Deputéierten.

Gerhard Reese
Den Ëmweltpsycholog analyséiert, firwat esou vill Mënschen näischt géint de Klimawandel ënnerhuelen, obscho se seng Gefore kennen a genee wëssen, wat ze di wär.

François Bausch
No zwou Tripartitte bannent 8 Deeg: de Vizepremier a Mobilitéitsminister iwwer Mesure géint d'Inflatioun an Turbulenze bei der Luxair.

Mandy Minella
E Gespréich mat der Lëtzebuerger Nummer 1 am Tennis, déi virun dräi Méint e Schlussstréch ënner hir Profi-Carrière gezunn huet.

Patrick Dury
No der nationaler a virun der Aviatiouns-Tripartite: Froen un den President vum LCGB
Josée Lorsché
Den Tripartite-Accord setzt net vill Ureizer fir Energie ze spueren. Firwat waren déi gréng domat averstanen? Mir froen hir Fraktiounscheffin

Jean-Paul Olinger
Wat hunn d'Entreprisen vum neien Tripartite-Accord? Mir froen den Direkter vum Patronatsverband UEL.

Gilles Roth
Als Oppositiounspolitiker konnt de Co-Fraktiounschef vun der CSV den Tripartite-Accord net mat verhandelen. Begréisst hien d'Mesuren, déi geholl goufen trotzdeem?
Laurent Schonckert
Mir froen den Direkter vum Cactus, ob d'Supermarchés-Chaîne dovu profitéiert, datt Clientë méi fir hir Akeef musse bezuelen.
