
arrow_back_ios
100komma7.lu
100komma7.lu
/ Invité:e vum Dag
Episoden


Stefan Maas
Wéi eng Roll kann de Waasserstoff bei der Ëmstellung op erneierbar Energien spillen? Mir froen den Expert vun der Uni Lëtzebuerg.

Michael Feit
Zanter engem Joer sinn Taliban am Afghanistan nees un der Muecht. Mir froe beim Responsabele vun der Caritas no, wat dat fir d'Leit op der Plaz heescht.

Christine Majerus
Beim Tour de France Femmes war si mat Chutte geplot, mee mat wéi engen Erwaardungen geet d'Cyclistin elo an d'European Championships zu München?
Marc Widong
De Kierchbierg gëllt net als besonnesch grénge Quartier. Mir froen den Direkter vum Fonds du Kierchberg, ob een dat nach kann änneren.

Serge Allegrezza
D'Regierung baséiert sech op Zuele vum Statec fir ze decidéieren, ob d'Stéit nach eng Kéier entlaascht ginn. Mee kann ee sech op déi Zuele verloossen? Mir froen de Statec-Direkter.
Martine Neuberg
Zanter Jore gëtt virdru gewarnt, datt d'Bëscher ënner den héijen Temperature leiden. Mir froen d'Cheffin vun der Forstverwaltung, wéi schlëmm d'Situatioun ass.

Pascale Junker
De Grupp Luxembourg Stratégie vum Wirtschaftsministère probéiert virauszesoen, wéi Lëtzebuerg sech bis 2050 entwéckelt. Bréngt dat eppes? Mir froen d'Direktesch vum Grupp.

Georges Eischen
Net just d'Energie, mee och d'Liewensmëttele sinn an de leschte Méint méi deier ginn. Ass dat gutt oder schlecht fir d'Supermarchéen? Mir froen de President vum Branchëverband FLAD.

Luca Mathias
Mir froen de Meteolux-Expert, wéi waarm et haut gëtt, a wéi exakt esou Previsioune sinn.

Audrey Feyder
D'Temperature solle muer nees iwwer 30 Grad klammen. Wéi ginn d'Baueren domat ëm? Dat froe mir d'Beroderin vun der Baueregenossenschaft Convis.

Fabricio Costa
déi gréng hunn d'Verlängerung vum Tankrabatt duerchgewénkt, obwuel si dogéint sinn. Si si als Klimapartei nach glafwierdeg? Mir froen de Spriecher vun déi jonk gréng.
Jacques Vandivinit
Soziale Wunnengsbau - Projeten, Problemer, Erausfuerderungen: Froen un de Generaldirekter vum Fonds du Logement.
#bobibleift
Protestaktioun géint de geplangte Contournement: e Gespréich mat engem/enger vun den Aktivist:innen, déi am Moment de Bobësch tëschent Käerjeng a Suessem besetzen.
Christian Oberlé
E Gespréich mam President vun der CNS iwwer déi finanziell Situatioune vu Kranken- a Fleegeversécherung
Jürgen Helten
De Mäerterter Hafen, en zentralen Acteur vum Lëtzebuerger Logistik-Secteur: e Gespréich mam CEO vum Grupp Luxport

Jean-Michel Campanella
Wéi kann ee verhënneren, datt Wunnen duerch déi staark Inflatioun onbezuelbar gëtt? Mir froen de President vum Mieterschutz.

Alexander Flassak
Gëtt et och um Findel personell Engpäss? Mir froen den Direkter vu Luxairport.

Claudia Monti
D'Unisec zu Dräibuer gëtt an engem neie Rapport schaarf kritiséiert. Mir froen d'Ombudsman wat muss geschéien, fir de Jugendprisong aus den negative Schlagzeilen ze kréien.
