arrow_back_ios
100komma7.lu
100komma7.lu
/ Invité:e vum Dag
Episoden
Romain Wolff
Mir froen de President vun der Staatsbeamtegewerkschaft, wat hie sech vun der Tripartite vun haut erwaart.

François Heisbourg
Wat wëllt de Wladimir Putin? Froen un de renomméierten Expert a geopoliteschen a geostrategesche Froen iwwer de Krich an der Ukrain a seng Konsequenzen.

Gérard Zens
Den Direkter vun der École internationale de Differdange et Esch/Alzette iwwer Offer, Fonctionnement, Succès a Complementaritéit vun den ëffentlechen internationale Schoulen.

Christophe Najdovski
Wéi ass et gelonge Paräis bannent e puer Joer zu enger Vëlo-frëndlecher Stad ze maachen? E Gespréich mam Adjoint à la maire aus der franséischer Haaptstad.
Marie-Josée Jacobs
Mat der Caritas-Presidentin schwätze mir iwwert d'Hëllef fir déi Leit, déi wéinst dem Krich an der Ukrain hiert Land hu musse verloossen.
Marc Wengler
Mam CFL-Generaldirekter zéie mir een Tëschebilan no zwee Joer gratis ëffentlechen Transport.
Yuriko Backes
Mat der Finanzministerin geet et ëm den Impakt vum Ukrain-Krich op déi Lëtzebuerger Economie, d'Staatsfinanzen an d'Finanzplaz.

Nadine Conrardy
Mir froen déi Responsabel fir d'Flüchtlingsstrukturen bei der Croix-Rouge op et genuch Capacitéite gi fir all d'Leit ënnerzebréngen, déi aus der Ukrain ukommen.

René Winkin
Mir froen den Direkter vun der Industriellefederatioun FEDIL, wéi staark d'Betriber ënnert den héijen Energiepräisser leiden.

Ali Ruckert
Mir froen den President vun der kommunistescher Partei firwat hien déi aktuell Sanktiounen géint Russland net ënnerstëtzt.

Michelle Cloos
Mir froen d'Vertriederin vun der Plattform, déi de Fraestreik organiséiert, wat dëst Joer hir Haaptfuerderunge sinn.

Francine Closener
Mir froen déi nei Co-Presidentin vun der LSAP, wéi eng politesch Schwéierpunkten hir Partei virun de Chamberwalen nach wëllt setzen.
Steve Thull
De Generol vun der Lëtzebuerger Arméi iwwer de Krich an der Ukrain a seng Implicatioune fir de NATO-Member Lëtzebuerg.
Inna Ganschow
Wéi erliewen d'Russen hei am Land de Krich an der Ukrain? Dozou e Gespréich mat der Autorin vun "100 Jahre Russen in Luxemburg".

Jean Asselborn
De Krich an der Ukrain an d'Flüchtlingswell, déi en ausléise wäert, sinn d'Theemen am Gespréich mam Lëtzebuerger Aussen- an Immigratiounsminister.
Andrew Ferrone
De Lëtzebuerger Vertrieder am Weltklimarot iwwer deen neie IPCC-Rapport, dee gëschter virgestallt gouf.
