arrow_back_ios
100komma7.lu
100komma7.lu
/ Invité:e vum Dag
Episoden
Dr. Philippe Turk
Mir froen de President vun der Spidolsfederatioun, wéi d'Klinicke sech op d'Verbreede vun der Omikron-Variant astellen.

Jean-Paul Lickes
Mir froen den Direkter vum Waasserwirtschaftsamt, wat hie wëllt maachen, datt et am neie Joer manner zu Verschmotzunge vu Flëss a Baache kënnt.
Françoise Hetto-Gaasch
Gemengeconseillère, Schäffen, Buergermeeschtesch, Deputéiert a Ministerin: Réckbléck op der CSV-Politikerin hir Karriär, déi elo op en Enn geet.
Moritz Petry
De Buergermeeschter vun der Verbandsgemeinde Südeifel ass och de Buergermeeschter vu knapp 4.000 Lëtzebuerger, déi déi Säit der Sauer wunnen.
André Hoffmann
E Gespréich mam COSL-President um Enn vun engem grousse Sportsjoer an am Virfeld vun den Olympesche Wanterspiller vu Peking
Romain Osweiler
D'Iwwerschwemmunge vum 15. Juli hunn d'Joer 2021 markéiert. Wat ass zanterhier geschitt a wat bleift ze maachen? Froen un de Buergermeeschter vu Rouspert-Mompech.
Carlo Back
Virun dräi Méint huet hien aus dem Stater Gemengerot demissionéiert, elo zitt hie sech och aus der Chamber zeréck: de gréngen Deputéierten iwwer säi politeschen Engagement.

Sven Clement
Mir froen de Piraten-Deputéierten, wéi seng Partei sech personell fir déi nächst Chamberwale wëllt opstellen.
Marc Schoentgen
Wat kann ee maache fir déi opgeluede politesch Stëmmung nees ze berouegen? Mir froen den Direkter vum Zentrum fir politesch Bildung.
Jean-Luc de Matteis a Romain Schmit
Sinn d'Salariéen an d'Betriber prett fir den 3G-System op der Aarbecht? Mir froe beim OGBL an der Handwierkerfederatioun no.
Dan Biancalana
Mir froen de Rapporteur vum Staatsbudget 2022, wéi ee Message hie mat sengem Exposé iwwer d'Staatsfinanzen wëllt eriwwerbréngen.
Susanne Backes
Mir froen d'Coordinatrice vum nationale Bildungsbericht, firwat d'Inegalitéiten tëschent de Schüler hei am Land weider wuessen.
Frank Engel
Den Dag nom Urteel am Frëndeskrees-Prozess: d'Reaktioun vum Ex-CSV-President
Suzanne Cotter
Kuerz virun hirem Depart zitt d'Directrice vum MUDAM e Bilan iwwer hir Zäit un der Spëtzt vum Musée.
Claude Haagen
Den zukünftegen LSAP-Landwirtschafts- a Sozialminister schwätzt iwwer seng nei Erausfuerderungen, den Nach-Buergermeeschter vun Dikrech iwwer d'Nordstad-Fusioun.
Karin Weyer
D'Direktesch vu respect.lu iwwer d'Radikaliséierung vun de Corona-Protester
