
arrow_back_ios
100komma7.lu
100komma7.lu
/ Invité:e vum Dag
Episoden


Steve Martellini
D'Liwwerplattform Goosty ass faillite. Wéi vill leiden d'Restauranten dodrënner? Mir froen de Generalsekretär vun der Horesca.

Romain Wolff
Mir froen de President vun der CGFP, wéi eng Roll d'Staatsbeamtegewerkschaft am Debat ëm d'Pensioune wëllt spillen.

Jürgen Junk
De Klimatolog vum LIST huet gehollef eng detailléiert Klimakaart vun de Südgemengen auszeschaffen. Wat verréit déi Kaart eis?

Laurence Zenner
D'Tariffer fir d'Stroumnetz gi vum 1. Januar un anescht berechent. Mir froen d'Direktesch vun der CREOS, op de Stroum doduerch méi déier gëtt.

Kimon Leners a Gianni Di Paoli
Wéi positionéieren d'Studenten a Studentinne sech an der Rentendebatt? Dat froe mir déi zwee Vertrieder vum Studentenverband ACEL.

Djuna Bernard
Mir froen déi gréng Deputéiert ënnert anerem, ob hir Partei eng Pensiounsreform fir néideg hält.

Dr. Nathalie Rausch
Zënter 25 Joer gëtt et eng Fleegeversécherung hei am Land: D'Directrice kuckt zréck an erkläert.

Tom Haas
Froen un de neien Direkter vum STATEC, deen an e puer Deeg d'Nofolleg vum Serge Allegrezza iwwerhëlt.
Marc Spautz
Wéi kommentéiert den CSV-Fraktiounschef d'Tensiounen tëscht dem Aarbechtsminister Georges Mischo an de Gewerkschaften?

Claude Christnach
Nom Zodi aus de leschte Méint huet den Direkter vum Lycée Josy Barthel zu Mamer ugekënnegt, keen 3. Mandat un der Spëtzt vun der Schoul unzestriewen.

Georges Mischo
Den Aarbechtsminister reagéiert op d'Kriticke vun de Gewerkschaften u senger Persoun, senger Aart a Weis a senge Projeten.

Timothée Parrique
De franséischen Ekonomist vertrëtt déi fir Leit vu sengem Fach iwwerraschend Thes, dass eis Wirtschaft éischter gebremst gi misst wéi dass se ëmmer weider wuesse soll.

Stéphanie Empain
Froen un déi nei Co-Presidentin vun déi gréng

Constance Uyttebrouk
De Liewensstandard geet erop, an trotzdeem ass den Impakt vun de Logementspräisser zu Lëtzebuerg am Verglach mat der Groussregioun am héchsten. Firwat? Dat freet d'Christiane Kleer d'Chercheuse vum Observatoire de l'habitat.

Gilles Roth
D'Christiane Kleer befreet de Finanzminister iwwer säi Budgetsprojet fir 2025.

Mandy Minella
Déi fréier Spëtzesportlerin ass viru genee engem Joer an d'Chamber gewielt ginn a presidéiert elo d'Familljekommissioun. D'Christiane Kleer schwätzt mat hir iwwer éischt Schrëtt an der Politik an hir familljepolitesch Prioritéiten.

Grand-Duc Henri & Prënz Guillaume: den Interview (1)
Extraiten aus dem Gespréich mam Staatschef a sengem zukünftege Stellvertrieder. Themen: d'Lieutenance, d'Haus zu Kolmer-Bierg an d'Reorganisatioun vun der Maison du Grand-Duc.

Xavier Bettel
Mam DP-Ausseminister mécht d'Christiane Kleer de Point iwwer de Poids vu Lëtzebuerg am No-Ost-Konflikt an d'Konsequenzen déi d'Eskalatioun och fir de Grand-Duché ka kréien.
