arrow_back_ios
100komma7.lu
100komma7.lu
/ Invité:e vum Dag
Episoden

Antónia Ganeto
Virun der Solidaritéits-Maniff fir de Georges Floyd virun der US-Ambassade: e Gespréich iwwer Rassismus géint Leit mat schwaarzer Hautfaarf zu Lëtzebuerg.
Patrick Dury
Den Nationalpresident vum LCGB iwwer Krisemesüren, Sozialdialog, Télétravail an aner Themen.
Marc Fischbach
Mir froen de President vum Daachverband COPAS, wéi den Déconfinement fir d'Leit an den Altersheemer ausgesäit.
Jean-Lou Siweck
Mir froen de neie President vum Presserot, op all d'Lëtzebuerger Medien et duerch déi aktuell Kris packen.
Paul Wilmes
Mir froen de Mikrobiolog vu Research Luxembourg, firwat elo méiglechst vill Leit op de Coronavirus solle getest ginn.
Camille Thommes
Mir froen den Direkter vun der Fongenassociatioun ALFI, wéi d'Corona-Kris sech op seng Branche auswierkt.
Laetitia Huiart
Zanter dem Depart vum Pierre Weicherding leet d'Epidemiologin aus dem LIH d'Inspection sanitaire, déi fir de Contact Tracing vu Covid-19-Infizéierten zoustänneg ass.
Gast Gibéryen
Den ADR-Deputéierten iwwer Oppositiounspolitik am Etat de crise, Covid-Gesetz(er), en deieren Äerdobservatiouns-Satellit a Polizisten ouni Lëtzebuerger Pass.
François Koepp
D'Gastronomie waart ongedëlleg drop, no der Corona-Zwangspaus nees urappen ze däerfen: e Gespréich mam Generalsekretär vun der HORESCA.

Dr. Fernand Pauly
Dräi Deeg ier d'Grondschoul nees ugeet, reagéiert de Porte-parole vun de Lëtzebuerger Kannerdokteren op Bedenken a Suerge vun Elteren an Enseignanten.
Marc Baum
Mir froen den Deputéierten vun déi Lenk, wat de beschte Wee ass fir aus dem Etat de crise erauszekommen.
Roland Kuhn
Mir froen de President vun der Federatioun vun de Lëtzebuerger Bauentreprisen, wéi gutt d'Reprise a sengem Secteur fonctionéiert huet.

Alain Massen
Mir froen de President vun der nationaler Elterevertriedung, op hien zefridden ass mat de Sécherheetsmesurë fir d'Rentrée am Fondamental.
Paul Helminger
Wéi laang kann d'Cargolux vun der aktueller Kris profitéieren? Dat froe mir de President vun der Cargo-Airline.

Blanche Weber
Féiert déi aktuell Kris zu engem Ëmdenke beim Klima- an Ëmweltschutz? Dat froe mir d'Presidentin vum Mouvement Ecologique.
Anne-Marie Hanff
D'Presidentin vun der Associatioun vun den Infirmièren a Infirmieren (ANIL) iwwer d'Erwaardungen an d'Revendicatioune vum Personal an der Fleeg.
