arrow_back_ios
100komma7.lu
100komma7.lu
/ Invité:e vum Dag
Episoden
Emile Eicher
Mir froen de President vum Gemengesyndikat Syvicol, wéi eng Roll d'Gemengen an dëser Kris spillen.
Nicolas Schmit
"Jiddweree fir sech" - sou erliewe vill Leit d'EU an der Corona-Kris. Wou bleift d'Solidaritéit? Dat froe mir de Lëtzebuerger EU-Kommissär fir Soziales a fir den Emploi.
Nora Back
D'Presidentin vum OGBL am Gespréich.
Paul Wilmes
De Chercheur vun der uni.lu spillt eng Haaptroll an der Task force, déi d'Regierung an der aktueller Kris wëssenschaftlech beréit.

Sam Tanson
D'Justiz- a Kulturministesch iwwer Corona-bedéngt Oprou (am Prisong) a Suergen (an der Kulturzeen)
Marc Fischbach
Corona stellt de ganze Secteur vun der Fleeg a Betreiung vun eelere Leit, doheem oder an Institutiounen, viru gewalteg Erausfuerderungen. Dozou de President vun der COPAS.

Robert Goebbels
Ee vun de Signatairë vum Schengen-Accord iwwer 25 Joer oppe Grenzen an Europa, déi ausgerechent ëm dee ronne Joresdag op ville Plazen zougemaach goufen.

Marc Stein
De President vun der Lëtzebuerger Gesellschaft fir Psychologie (SLP) iwwer déi psychesch Niewewierkungen vun der Corona-Kris a wéi ee sech dogéint hëllefe loosse kann.
Dan Kersch
Mir froen den Aarbechtsminister mat wéi vill Congé Partiellen hie wéinst dem Coronavirus rechent.

Patrick Arendt a Raoul Scholtes
Mir froen d'Vertrieder vun den Enseignantsgewerkschaften SEW an Féduse, wéi gutt d'Schoul vun doheem aus bis elo fonktionnéiert.
Alain de Bourcy
Mir froen de President vum Apdikter-Syndikat op mat Liwwer-Engpäss bei de Medikamenter muss gerechent ginn.

François Bausch
Mir froen de Minister fir bannenzeg Sécherheet op et e Plang B gëtt, am Fall wou vill Poliziste sech mam Coronavirus infizéieren.
Michel Reckinger
Mir froen de President vun der Fédération des Artisans wéi d'Handwierksbetriber déi aktuell Kris kënnen iwwerstoen?
Dr. Romain Nati
De Generaldirekter vum Centre Hospitalier (CHL) iwwer d'Erausfuerderunge vun der Corona-Kris fir säi Spidol a fir d'Land.
Prof. Dr. Friedrich Mühlschlegel
Den Direkter vum Staatslabo schwätzt iwwer d'Coronavirus-Tester am LNS an d'Zesummenaarbecht mat de private Laboratoiren.
