Vun 11 bis Mëtternuecht 24.11.2023 - 23h00 Um Wee bei d'Geeschterstonn gi mir nach eng Kéier an de Musée, lauschteren d'Geschicht vum Jos fäerdeg an de Prof. Huddelafatz kënnt nees an de Studio nerven.
Vun 10 bis 11 24.11.2023 - 22h00 An der véierter Radiostonn baue mir eng Energiespuerluucht, gi méi iwwer Meteoritten a Feierbäll gewuer a begéinen eisem ale Frënd, dem Jos.
Vun 9 bis 10 24.11.2023 - 21h00 An der drëtter Radiostonn schwätzen d'Kannerreporter mam Nikki Ninka a mat engem Unisprofessor, deen eis alles iwwer KI verréit.
Vun 8 bis 9 24.11.2023 - 20h00 An der zweeter Radiostonn kucke mir eis d'Faarwen an der Nuecht un a lauschteren d'Weltpremière vun "Den Eppes".
Vu 7 bis 8 24.11.2023 - 19h03 An der éischter Radiostonn lauschtere mir Geschichte vum Pechschwéngchen a begéinen engem ganz besonneschen Erfinder.