Biotop
/ 2000 m2 fir eis Ernährung, alternativ Weeër fir d‘Landwirtschaft zu Lëtzebuerg
2000 m2 fir eis Ernährung, alternativ Weeër fir d‘Landwirtschaft zu Lëtzebuerg
9 min
Zu Lëtzebuerg gëtt d‘Halschent vun der Landesfläch als landwirtschaftlech Notzfläch gebraucht. De grousse Problem hei ass d‘Konzentratioun op Mëllech- a Fleeschproduktioun. Zwar ass de Grand-Duché e Grénglandstanduert a predestinéiert fir landwirtschaftlech Déieren ze halen. Mee d‘Intensivitéit vun de Betriber an ënner anerem déi enorm Nofro no Fudderplanze vun hei a vun Iwwerséi, bréngt staark negativ ekologesch Konsequenze mat sech. Mam Projet "2000 m2 fir eis Ernährung", sollen alternativ Weeër fir d‘Landwirtschaft zu Lëtzebuerg gewise ginn.
De Schwéierpunkt läit bei der Landnotzung an den Zorte vu Liewensmëttel, déi op klenger Fläch ugebaut kënne ginn. Also d‘Bedeitung vun Uebst, Geméis an anere Liewensmëttel fir den direkte mënschleche Konsum.
Invité ass de Projectmanager Pol Moes, vu natur&ëmwelt.
Presentéiert vum
- Angie Maquil