Bei dësem waarme Summerwieder zitt et ëmmer méi Leit eraus an d’Natur an eis Bëscher verspriechen Erhuelung vun der Hëtzt.
Hei héiere mir, wéi mir d’Natur an eisem Land ob eng spannend Aart a Weis entdecke kënnen an datt et nieft de Bëscher och nach vill aner interessant Landschafte gëtt. Méi Informatioune ginn et vum Steve Jungen, Responsabel fir d’Sensibiliséierung an d’Naturschutzzentere bei der Naturverwaltung.
Op www.natur.lu fann dir 37 Sentiers Nature esou wéi déi 5 Naturschutzzentere vun der Naturverwaltung. All Zenter bitt e flotte Joresprogramm fir Jiddereen an e speziellen Schoulprogramm fir de Fondamental an de Lycée.
Weider Informatiounen zu der Campagne “Eis Beem loosse sech weisen!” fann dir ënnert https://environnement.public.lu/fr/natur/biodiversite/Les_arbres_remarquables.html
Hei kënnt dir Beem mellen déi duerch hire biologesche, kulturellen oder landschaftleche Wäert erausstiechen.
N'Naturverwaltung appeléiert och nach eng Kéier dass opgrond vun der Hëtzt en erhéichten Risiko fir Vegetatiounsbränn besteet.
https://112.public.lu/fr/urgences/conseilsdeprevention/feudevegetation.html