De LEADER-Projet “Geschichteland: Muséeën am Wëlle Westen“ huet d’Zil, déi aacht Muséeën an der Regioun besser ze vernetzen an domat déi kulturell Offer an déi non-formal Bildung nohalteg ze stäerken. Obwuel vill Leit déi eenzel Muséeë kennen, ass dat gemeinsaamt Potenzial vun dëser grousser kultureller Offer bis elo nach net voll entwéckelt.
Fir d’Bierger:inne bedeit dat méi accessibel a méi lieweg Kultur direkt virun der Dier. Geplangt sinn interaktiv Schatzsucher-Parcoursen, Audioguiden an Ateliere fir Kanner a Schoulklassen. D’Muséeë solle sech weider als modern Léier- a Begéignungsplaze positionéieren, wärend d’Veräiner an d’Strukturen hanner de Muséeë geziilt an hirer Aarbecht ënnerstëtzt ginn. Zousätzlech gëtt un engem gemeinsame Marketingkonzept geschafft, mat themateschen Touren an Eventer, fir dat kulturellt Ierwen ze valoriséieren an d’Regioun als attraktive Kulturstanduert ze stäerken.
Kuerz gesot: “Geschichteland“ baut op enger staarker Basis op a bréngt déi besteeënd kulturell Offer zesummen, fir se weiderzëentwéckelen an nohalteg ze verankeren.
Invitée ass d’Céline Lanners, Gestionnaire am LEADER-Büro Wëlle Westen zu Réiden.