De Parcours vum Trio Francis of Delirium ass gepräägt vun enger rarer Kombinatioun aus Éiergäiz an Éierlechkeet. Déi zwou Eegenschafte kommen zesummen an der Approche vun der Jana Bahrich, vis-à-vis vun hirer Musek wéi vun hirem Public. Fir ze léieren, wéi een deen ouni Angscht affrontéiert, huet si sech bäibruecht, an de Stroossen ze sangen an dobäi ze ënnerhalen. Haut schreift si Musek fir aner lëtzebuergesch Museker, erweidert de Spektrum vun hirer Band mat neien Iddien a Kollaboratiounen, wéi kierzlech mat der Produzentin Catherine Marks, déi ënner anerem op “Boygenius”, hirer lescht Plack, d’Commanden hat. No dräi EPen, an deenen d‘Entwécklung vum Quartett duerch Hooks an Emotiounen novollzéibar gëtt, ass elo den Debutalbum prett. E gëtt nächste Freideg, 22. Mäerz an de Rotondë presentéiert an heescht “Lighthouse“. Mir begréissen op der Bün den Denis Schumacher, de Jeff Hennico an d’Jana Bahrich, zesumme Francis of Delirium.
arrow_back_ios
Aircheck Sessions
Aircheck Session Live mat Francis of Delirium
headphones
18 min
Lauschteren
play_arrow

mic_none
Presentéiert vum
- Marc Clement
Episoden

Autumn Sweater
D'Lëtzebuerger Indie Rock Veterane si live am Studio 8.

Aircheck Session: AEM
Live aus dem Studio 8: Déi jonk elektronesch Pop-Musekerin zerwéiert eng Portioun Vulnerabilitéit, Danzen an Däischtert.

Aircheck Session: ENGLBRT
ENGLBRT sinn de Sänger Georges Goerens an de Batteur Niels Engel. Si spille live bei eis am Studio 8 nei Songs.

Aircheck Session: Them Lights
Live aus dem Studio 8: Bün fräi fir Them Lights: op der Stëmm de Sacha Hanlet, an op der Batterie de Sergio Manique

The Aquatic Museum
D’Band bitt Musek tëschent de Genren. Jazz, Pop a Kammermusik verbanne sech zu enger ganz besonnescher Aart Chamber Pop.

Aircheck Session
Daniel Balthasar a Band live aus dem Studio 8

C’est Karma
Vun Hyper-Pop iwwer Fado bis zu Chanson. Déi Lëtzebuerger Musekerin verféiert eis an hirer Live-Performance an déi facettëräich Welt vun hirem neien Album.

Daniel Migliosi Quintet
Stellt Iech an eise Concertssall: Den Daniel Migliosi Quintet spillt eng Airchek-Session am Studio 8!

Aircheck Session Live mat Francis of Delirium
Setzt Iech an eise Concertssall: Francis of Delirium spillen eng Airchek-Session am Studio 8

Nea Lone
Deen neie Soloprojet vun der Lëtzebugerer Musekerin Nadja Prange live am Studio 8

Aircheck Session: Triana y Luca
Zesumme gi si op d‘Sich no hiren ibero-amerikanesche Wuerzelen. Triana y Luca – zwou Stëmmen, eng Gittar - invitéieren op eng folkloristesch a poetesch Rees, wou Migratioun, Natur a Léift openeentreffen.
