Kultur
Albumbespriechung: Everything, Everything - Mountainhead
13 min
Everything, Everything sinn d'Rockband vum Moment, an esouville Sënner. Hire Stil fänkt do un, wou Coldplay opgehalen hunn, d'Gittaren aus hirer Musek ze verbannen, a konzentréiert sech op dat Elektronescht op där neister Plack vum Quartett. Et ass ee Konzeptalbum, deen ënner dem Titel "Mountainhead" dës Geschicht retracéiert: An enger fiktiver Welt ass eng Gesellschaft ganz domat beschäftegt, e grousse Bierg opzeriichten. DenTwist an der Geschicht ass, datt si dofir ee geneesou grousst Lach mussegruewen. D'Prämiss ass eng contraignant Nullzomm, déi net muss stëmmen, fireng Gesellschaft ze ënnersichen, an där d'Schéier tëschent aarm a räich méi grouss gëtt a Muechtverhältnesser ausser Kontroll geroden.
Presentéiert vum
- Jeff Schinker