D’Bild vu Fraen als Affer, déi sech net physesch wiere kënnen, net wiere sollen - dat Bild akzeptéiert d’Andrea Böhm net. Déi erfueren däitsch Journalistin ass jorelaang als Auslandskorrespondentin a Krichsreporterin ëm d’Welt gereest.
An hirem Essai “Fighting Like a Woman. Die Geschichte der Frauen, die zurückschlagen” (Rowohlt Verlag), schreift si iwwer Frae vu gëschter an haut, déi sech Kampftechniken ugëeegent hunn, déi sech physesch géint Aggressioune verteidegen a fir hir Rechter kämpfen.
D'Andrea Böhm steet am Mëttelpunkt vum neien Episod vu B-Radio, dee mir dëse Sonndeg um Radio 100,7 diffuséieren. Hei scho mol e klenge Virgeschmaach