Kultur
Alem Grabovac am Gespréich
E Roman iwwer seng Mamm hätt hie geschriwwen, seet den Alem Grabovac. Et ass awer och e Roman iwwer säin eegene Liewenswee. An Däitschland gebuer, Kand vun enger kroatescher Mamm an engem bosnesche Papp, huet hie Soziologie, Literatur a Politologie studéiert. De Wee bis dohinner war net esou evident. Eng Kandheet a Jugend tëschent engem gewalttätegem Stéifpapp, enger däitscher Fleegefamill an enger Mamm, déi sech praktesch doudgeschafft huet, gëtt am Roman “Die Gemeinheit der Diebe” (Hanser Verlag) beschriwwen. D'Valerija Berdi ass dem Schrëftsteller op der Leipziger Buchmesse begéint fir mat him iwwer dësen autofiktionale Roman ze schwätzen. Hei en Extrait aus dësem Gespréich
Presentéiert vum
- Valerija Berdi