arrow_back_ios
Kultur
An enger rouder, grénger Wüüst
headphones
9 min
Lauschteren
play_arrow
Landschafte mat der Literatur verbannen? Dat ass méiglech, an zwar duerch d’Geopoesie. Si erméiglecht ee sensibele Bléck op d’Ëmwelt, a fir d’Geopoesie ze praktizéieren ass et am beschte wann een dobaussen ënnerwee ass. De Schrëftsteller a Paleontolog Robert Weis mécht dat méi dacks – hie war mam Joé Birchen zu Péiteng um Giele Botter ënnerwee, an zesummen huelen si eis mat op ee geopoeeteschen Ausfluch.