Kultur
Cannes (5) - Am Interview mat der Vicky Krieps
10 min
En Interview mat der Vicky Krieps ze kréien ass net evident - wier net de Bernard Michaux vu Samsa, deen dem Jeff Schinker um Lëtzebuerger Dag zu Cannes ee spontane Creneau organiséiert hätt, wier trotz sëllege Mailen un der Schauspillerin hir Agenten näischt doraus ginn. Am Interview dobäi war d’Nora Schloesser vum Wort - mee och een e bësse culottéierte Kärel, deen den Interview hijacke wollt an einfach de Mikro nieft eise gehalen huet. Wéi d’Schauspillerin op de culottéierte jonke Mann reagéiert huet - a wat si eis erzielt huet iwwer hir Aarbecht als Jury-Member an der Selection Un certain regard, iwwer d’Positioun vun de Fraen am Kino an um Festival de Cannes, mee och iwwer den Dréi vum neie Jim Jarmusch Film, dee scho fäerdeg ass, ouni datt iergend een eppes dovu wousst: dat gitt Dir am (bal) exklusiven Interview gewuer.
Presentéiert vum
- Jeff Schinker