Kultur
D'Hisae Ikenaga an der Konschthal zu Esch
20 min
Et ginn Objeten, déi relativ einfach enger Bedeitung zougeuerdent kënne ginn. Anerer, besonnesch déi, déi mer net esou gutt kennen, loosse sech dogéint méi schwéier anuerdnen. Der Hisae Ikenaga hir Installatiounen a Skulpture befanne sech genee do iergendwou dotëschent a loossen een eng Zäitche wonneren. D’Ausstellung “Phantom Limbs” an der Konschthal zu Esch weist eng 30 Wierker, un deenen d’Kënschtlerin déi lescht Jore geschafft huet. De Joé Birchen war fir eis do a wollt vun der Hisae Ikenaga méi iwwer den Effekt vun hirer Aarbecht wëssen.
Presentéiert vum
- Joé Birchen