Kultur
/ D'Julie Reuter zitt net just Bilan vun der Art Week, mee och vun hiren zwee éischte Joren als jonk Galeristin
D'Julie Reuter zitt net just Bilan vun der Art Week, mee och vun hiren zwee éischte Joren als jonk Galeristin
5 min
No der Art Week ass virun der nächster, der zéngter Art Week? Gëschter hunn d’Organisateure Bilan gezunn, si zielen 22.000 Visiteuren an denken elo doriwwer no, wéi eng Stad, no Wien, bei der nächster Editioun am Fokus stoe wäert. Nach ze gesinn, bis Enn der Woch, ass awer de Salon vum Cercle Artistique de Luxembourg, kuerz CAL. Am alen Tramsschapp sinn zwee wichteg CAL-Präisser verdeelt ginn, an déi zwee Laureaten, de Pit Riewer an de Julien Hübsch, ginn allebéid vun der selwechter Galeristin vertrueden. D’Kerstin Thalau wollt vun der Julie Reuter wëssen, wéi si déi lescht Woch erlieft huet.
Presentéiert vum
- Kerstin Thalau