Kultur
D'Rotonde presentéieren hir nei Saison an annocéieren Aarbechten
Ab November embarquéieren d’Rotonden zu Bouneweg op hir bis elo villäicht gréissten Transformatiouns-Aventure. Déi mëttlerwie schonn iwwer 20 Joer oppe Rotonde 1 kritt duebelt Glas an eng Opfrëschung, wärend an d’Rotonde 2 nei, këschtefërmeg openeegestapelt Raimlechkeete gebaut ginn. Bannescht a bäussescht Espace wäerte verschmëlzen, an och de Parvis wäert mat agebonne ginn, an ënnert anerem ee Restaurants-Gebai mat Daachterrass an een Accueil bidden. Esouwäit emol kuerz zum Architektoneschen. Mee wéi eng Ziiler stiechen hannert dem Ëmbau, a wéi wäert en sëch op de Programm auswierken? De Marc Clement huet mam Direkter vun de Rotonde Steph Meyers geschwat.
Presentéiert vum
- Marc Clement