Kultur
/ De Lëtzebuerger-Saarbrécker Kënschtler:innen-Austauschprogramm Artmix 2024 ënnert dem Motto “Gossip – Matters hard to grasp”.
De Lëtzebuerger-Saarbrécker Kënschtler:innen-Austauschprogramm Artmix 2024 ënnert dem Motto “Gossip – Matters hard to grasp”.
14 min
Grenziwwerschreidende Kënschtleraustausch fir eng nei Zort vu Kollaboratioun a Renconter tëscht Kënschtler:innen. Mat dësem Zil hunn d’Stied Lëtzebuerg a Saarbrécken 2005 de Programm “Artmix” lancéiert a weider ausgebaut. Fir déi aktuell 12. “Artmix”-Editioun huet e Jury d’Multimedia-Kënschtler Noé Deboutay fir Lëtzebuerg an Darja Linder fir Saarbrécken selektionéiert, déi hirersäits nach Sophia Löckenhoff an Hannah Mevis invitéiert hunn, fir zu véier, bal zu Lëtzebuerg, bal zu Saarbrécken, de Sujet “Gossip – Matters hard to grasp” konstruktiv z'attackéieren. D’Kerstin Thalau huet d’Quartett um Enn vun der Residenz am Cercle Cité begéint an ass méi iwwert den Echange gewuer ginn.