arrow_back_ios
Kultur
Nom Doud vum Moler Henri Kraus
headphones
13 min
Lauschteren
play_arrow
Gëschter huet eis déi traureg Nouvelle erreecht, datt de Lëtzebuerger Moler Henri Kraus e puer Deeg no sengem 81. Gebuertsdag gestuerwen ass. Hie war Konschterzéier, Professer am Lycée Arts et Métiers a Member vum Cercle Artistique de Luxembourg. De Joé Birchen wollt vum Konschtexpert Paul Bertemes wësse, wat den Henri Kraus fir d'Konschtzeen bedeit huet, a wéi wichteg d’Wierk ass, wat de Kënschtler eis hannerléisst.
mic_none
Presentéiert vum
- Joé Birchen