Kultur
/ Déi selwecht Sprooch schwätzen – de Vincent Quénault iwwert déi nei Red-Lion-Produktioun “Black Tea”
Déi selwecht Sprooch schwätzen – de Vincent Quénault iwwert déi nei Red-Lion-Produktioun “Black Tea”
16 min
10 Joer nom Erfolleg vun "Timbuktu" kéiert de mauretanesche Réalisateur Abderrahmane Sissako mat "Black Tea" zeréck – an erlaabt et Red Lion, ee Joer nom ÄMOUR-FOU-Film iwwert d’Schrëftstellerin Ingeborg Bachmann direkt nees eng Lëtzebuerger Koproduktioun an de Wettbewerb vun der Berlinale ze schécken. Am Zentrum vum Film steet d’Aya, eng Fra, déi virun enger arrangéierter Hochzäit op der Côte d’Ivoire flücht an sech eng nei Existenz am Chocolate-City-Véirel am chinesesche Guangzhou opbaut, wou si sech an en Téihändler verléift. De Jeff Schinker war op der Berlinale an huet sech do mam Red-Lion-Produzent Vincent Quénault ënnerhalen – iwwert den alldeegleche Produzentechaos um Festival, de ganz besonnesche Lien, dee Red Lion via de verstuerwenen Pol Cruchten mam Abderrahmane Sissako verbënnt – an iwwert ee Film, deen iwwer Léift a Frëndschaft am Exil geet, awer och ee postkoloniaalt Afrika weist, dat Europa de Réck dréint.
Presentéiert vum
- Jeff Schinker