Kultur
/ Den 23. Mee 2024 gëtt zu Klierf den zweete “Prix de la Photographie - Clervaux Cité de l’image” verginn
Den 23. Mee 2024 gëtt zu Klierf den zweete “Prix de la Photographie - Clervaux Cité de l’image” verginn
8 min
Dem Edward Steichen seng Foto-Sammlung “Family of Man” gehéiert zu den Unesco-Weltkulturierwen, a well se am Klierfer Schlass e permanent Doheem fonnt huet, huet se Klierf zu eiser “Cit�� de l’image” gemaach. Entretemps gëtt d’Expo duerch aktuell Fotoaarbechten am Klierfer Espace public, also ënner fräiem Himmel, erweidert. A vun haut u sinn en plus Wierker vu 14 Kënschtler:innen aus der Groussregioun am Brahaus, deemno ënner Daach, ze gesinn. Dobäi handelt et sech ëm déi 14 Finalisten a Finalistinne vum zweete “Prix de la photographie - Clervaux Cité de l’image”. D’Kerstin Thalau wollt vun der Sandra Schwender, Responsabel fir d’Programmatioun vun der Cité de l’image, méi iwwer de Präis gewuer ginn.