Biotop
Den Naturschutzzenter Mirador zu Stengefort
15 min
Den Naturschutzzenter Mirador läit um Bord tëschent dem Duerf an de Bëscher.
D'Gebai, dat fréier emol en Deel vun der Eiseproduktioun war, ass haut ee vu fënnef Naturschutzzenteren hei am Land. Dat klengt Gebai déngt haaptsächlech dem Accueil vun de Visiteuren, säin Haaptraum vun den Aktivitéiten ass allerdéngs baussen. D‘Bëscher an d'Biotopen, déi sech iwwer déi lescht Joerzéngte geformt hunn, sinn hei déi ideal Spillwiss.
De Mirador huet en diverse Programm mat naturpedagogeschen Aktivitéite fir all Alter. Nieft dëse kann een um Sentier Mirador, dee sech duerch dat ganzt Gebitt zitt, dës Géigend entdecken. Invité ass de Ben Louis, Responsabele vum Naturschutzzenter Mirador a Fierschter um Territoire vun de Gemenge Stengefort a Käerch.
Presentéiert vum
- Angie Maquil