Biotop
Den Naturschutzzentrum Ellergronn
11 min
Zwee Kilometer südlech vum Stadkär vun der Minettmetropol Esch-Uelzecht läit den Naturschutzzentrum Ellergronn, agebett tëschent Bësch an Dréchewisen am Naturschutzgebitt mam selwechten Numm.
Hei trëfft alles openeen, wat de Räichtum vum Lëtzebuerger Süden ausmécht: engersäits eng divers Natur an anerersäits de Patrimoine vun der deemoleger Eisenindustrie.
Proposéiert ginn Aktivitéiten fir Schoulklassen, fir déi ganz Kleng bis fir d'Unisschüler. An och de Grand Public ka vun allen Aktivitéite profitéieren, op Demande och fir en extra Programm op Mooss.
D'Regioun lackelt mat intressanten Trëppel- a Wanderweeër an huet eng Mountainbike-Pist mat enger Vëlo-Wäschtstatioun.
Den Naturschutzzentrum ass och elo op an der Schoulvakanz.
Am Ellergronn ginn et nieft den naturpedagogeschen Aktivitéiten och Aktivitéiten, déi sech mat der Relatioun vu
Mënsch, Natur an der Notzung vun den natierleche Ressourcë befaassen.
Net ze vergiessen déi interessant Ausstellung:
Transition NOW - une exposition spectaculaire sur la nature, le climat et l'homme au Centre nature et forêt Ellergronn (-26.04.2023) an de Musée de la Mine-Cockerill
Explikatioune vum Pol Zimmermann, Fierschter a Responsabele vum Centre nature et forêt Ellergronn.
www.nature.lu
Presentéiert vum
- Angie Maquil