Réckbléck op de Sot Emol
"Doheem ass doheem a bleift doheem"
4 min
Der Marie Josée Jacobs hire Beruff ass Infirmière-Anästhesistin. Du goung si an d’Politik an iwwer vill gewerkschaftlech a politesch Engagementer gouf si 1984 eng éischte Kéier an d’Chamber gewielt. Hire politesche Wee goung weider, 1992 gouf si Landwirtschaftsministesch an delegéiert Kulturministesch.
No hirer politescher Karriär gouf d’Marie Josée Jacobs Presidentin vun der Fondatioun Caritas, mat nees enger Kéier der Hëllef am Mëttelpunkt.
Ganz vill Leit kenne si awer och duerch hiren Éisleker Accent, si ass gebierteg vu Maarnich an huet déi Attachen zum Éislek ni verluer.
Presentéiert vum
- Jean-Claude Majerus
Episoden
Laurence Duhr: Wäibau, Psychologie a Clownereien
D’Önologin, Clownin a Psychologin: d'Laurence Duhr war Enn d'lescht Joer Invitée beim Jean Claude Majerus.
Ingrid Schwarz: Jodelen a modern Musek
D'Sängerin a Pianistin Ingrid Schwarz war d'Invitée an der Emissioun Sot emol.
Sean Grethen: Passioun "Aarmwrestlin"
Dee jonke Lëtzebuerger Aarmwrestler Sean Grethen war den Invité an der Emissioun Sot emol.
Änder Hirt: Fascination war eng intensiv a wäertvoll Zäit
De Museker a Sänger Änder Hirt war Invité an der Emissioun Sot emol.
Martin Engler: E Multi-Artist
Deen däitsche Multi-Kënschtler Martin Engler war gëschter (9.6.) Invité am Sot emol.
Jean Portante: "D'Walsprooch"
De Schrëftsteller a Mataarbechter vum radio 100,7 Jean Portante war gëschter Invitée beim Jean Claude Majerus an der Emissioun „Sot emol“.
Guy Conter: E bewosste Choix
De Guy Conter, fréiere Prof aus dem Escher Conservatoire war den Invité beim Jean Claude Majerus an der Emissioun Sot emol.
Anne Simon: Vu Lodon op Lëtzebuerg
D‘Regisseruin Anne Simon war déi Kéier d'Invitée beim Jean Claude Majerus an der Emissioun Sot emol.
Hannah Noack. Musical ass meng Passioun
D'Musicalactrie a Vokalpädagogin HAnnah Noack ass d'Invitée beim Jean Claude Majerus déi Kéier an der Emissoun Sot emol
René Closter: "Mir brauchen en Helikopter, ça passe ou ça casse“
De Grënner an President vun der Luxemburg Air Rescue René Closter war den Invité. 1988 ass d’Luxemburg Air Rescue mat engem gelounten Helikopter lassgaangen.
Isabelle Braun-Dominicy: "Et mécht nach ëmmer immens vill Freed"
D'Professorin um Escher Conservatoire, déi nieft Solfège a Pianoscoursen och de Jugendchouer dirigéiert, war d'Invitée an der Emissioun Sot Emol.
Carlo Link: Radio, seng grouss Passioun
E Radiosmënsch, mat deem mir bei d‘Originne vum radio 100,7, dem soziokulturelle Radio, wéi soss gesot gouf, zeréckginn.
Ben Claus: De Panzpiano an d'Kap
Oder einfach nëmmen "De Claus" war den Invité a Sot Emol. Hie spillt a séngt d’Hitparad vun de Lëtzebuerger Lidder erop an erof.
Jean Paul Raths: Ouni Theatererfarung op d'Schauspillschoul
De Lëtzebuerger Acteur a Regissuer war den Invité.
Eugène Prim: E Liewe fir a mam Orchester
De fréiere President a Generaldirekter vun de Solistes Européens Luxembourg war Invité an der Emissioun „Sot emol“
"Doheem ass doheem a bleift doheem"
D’Marie Josée Jacobs war Invitée an der Emissioun Sot emol.
Jérome Merker: Eleng iwwer den Atlantik
Dem Lëtzebuerger Seegler ass et als éischte Lëtzebuerger gelongen eleng iwwer den Atlantik bis op Guadeloupe ze seegelen.
Kimberly Darcy Mae: Vum Tatami op d'Bün
Déi jonk Lëtzebuerger Actrice, déi amgaang ass op der Universität der Künste zu Berlin eng Schauspillformatioun ze maachen, kënnt aus dem Leeschtungssport.
- 1
- 2