Kultur
/ E puer Iwwerleeungen zu musealen Ausstellungen an hiren Nowierkunge vu Marc Clement a Kerstin Thalau.
E puer Iwwerleeungen zu musealen Ausstellungen an hiren Nowierkunge vu Marc Clement a Kerstin Thalau.
Dir hat et vläicht bei eis scho matkritt: de Päischtweekend feiere 37 Muséeën zu Lëtzebuerg de 47. internationalen Musée-Dag mat den “Luxembourg Museum Days”. Bedeit fir iech Porte ouverte bei deene Muséeën, gratis Entrée, di ganz Panoplie vun den ënnerschiddlechsten Ausstellungskonzepter, plus Aktivitéite fir Grouss a Kleng. Fir Iessen a Gedrénks ass bestëmmt och nees gesuergt. Jo, hei ass esou heefeg fir alles gesuergt, datt di aner Säit eng Invitatioun eventuell aus Commoditéit net unhëlt? D’Kerstin Thalau an de Marc Clement hu sech op alle Fall haut schonn op de Wee gemaach, hunn e puer Iwwerleeungen zu Ausstellungen an zu den Nowierkungen dovunner matbruecht. Hier éischt Statioun: de Mudam. An dat hat tatsächlech just nëmme mat der Meteo ze dinn...