Erausfuerderung Gréng EU
Demografie a Klimachangement, en Däiwelskrees
13 min
D’Weltpopulatioun huet de Seuil vun 8 Milliarde Mënsch erreecht a se wäert an den nächste 40 Joer weider wuessen. Dat huet en Afloss op déi global Emissiounen. Méi Mënsche verbrauche méi Ressourcen, produzéiere méi Zäregaser an de Besoin un Iessen a Waasser geet an d’Luucht.
Demografesch Verännerunge si laangfristeg Entwécklungen, déi net nëmme wichteg fir eis Demarchen a punkto Reduktioun vun den Zäregasemissioune sinn. Si si vläicht nach méi relevant am Kontext vun der Gesellschaft sech un de Klimachangement unzepassen.
Presentéiert vum
- Jean-Claude Majerus