Kultur
/ Ënnert dem Titel „Memories“ gi véier Wang-Bing-Filmer, a spezieller Zeenographie, am Cercle Cité presentéiert.
Ënnert dem Titel „Memories“ gi véier Wang-Bing-Filmer, a spezieller Zeenographie, am Cercle Cité presentéiert.
5 min
Tëscht dem 29. Februar an dem 10. Mäerz ass Luxembourg City Filmfestival. Mat dobäi de Wang Bing. De Realisateur ass 1967, kuerz nom Ufank vun der Kulturrevolutioun, a China op d’Welt komm, huet mat 14 säi Papp verluer, ass du fir seng Famill schaffe gaangen. Spéider huet hie Foto a Film studéiert. Am Westen huet hie sech mëttlerweil en Numm als haarde realisteschen Documentaire-Filmer gemaach. Mat véier vu sengen Aarbechte kënnt Dir iech elo schonn am Ratskeller vum Cercle Cité ausenanersetzen. Eng Film-Expo obschonns Wang-Bing-Aarbechten am Kontext vum Festival gewise ginn? D’Kerstin Thalau ass dozou vun der Curatrice Anastasia Chaguidouline méi gewuer ginn.