Kultur
Richtung22: Eraus aus dem Bâtiment 4?
26 min
Richtung 22 soll Enn dës Mounts aus dem Bâtiment 4 eraus. Hire Kontrakt ass net erneiert ginn, dat, obschonns nach eng Konventioun tëscht dem Kollektiv an der frEsch absl besteet.
No ville Protester vum Kollektiv an enger relativ klorer Reaktioun vun der asbl hate mer haut de Pim Knaff, President vun der asbl, an de Felix Adams vu Richtung 22 am Studio fir eng Diskussioun. De Pim Knaff ass bis op Weideres bei der Decisioun vun der frEsch asbl bliwwen. An huet argumentéiert, Richtung 22 hätt de Bâtiment 4 anescht wéi ofgemaach net mat Liewe gefëllt. De Felix Adams huet widdersprach a gefrot, ob de Pim Knaff eng perséinlech Revanche géint de kritesche Kënschtlerkollektiv huele wëll.
Presentéiert vum
- Jeff Schinker