Biotop
Häckselen, eng wäertvoll Aarbecht am Gaart
8 min
September, Oktober ass d'Zäit, wou am Gaart vill geschnidde gëtt. Beem, Uebstbeem, Hecken a Staude ginn zeréckgeschnidden. Dat gëtt e grousse Koup Gréngschnëtt, deen net ëmmer an d'Biotonn passt. Da mécht et Sënn sech ze iwwerleeën, ob et net derwäert ass sech en Häckseler unzeschafen.
Ob ee sech fir eng Maschinn decidéiert, déi d‘Holz quëtscht oder eng, déi häckselt, hänkt dovun of, wat fir eng Planzen een am Gaart huet. Eng Kombimaschinn kann och eng Alternativ sinn. Den Häckseler ka gebraucht ginn am Kompostkoup an am Hochbeet, fir gudden Humus ze produzéieren oder als Ersatz fir Rindenmulch, deen ee sech esou einfach a bëlleg selwer mécht. Mat der Danièle Keup vun der Liga Gaart an Heem
Presentéiert vum
- Angie Maquil