Biotop
Hierschtblummen
11 min
Den Hierscht ass do, wann d'Wise sech blo fierwe mat honnerte klenge Blummen, déi de Krokussen ganz änlech sinn. De lëtzebuergeschen Numm vun dëser Planz ass ganz einfach, Hierschtblumm, a si kann och ouni Problem am eegene Gaart geplanzt ginn. Esou schéin dës Planz am Gaart wéi an der Natur och ass, esou gëfteg ass si fir Mënsch an Déier. Mee wann een op e puer Saachen oppasst, ass et méiglech vill Freed un dëser einheimescher Planz ze hunn, ouni senger eegener Gesondheet ze schueden a villen Insekten eng Fudderquell ze bidden.
Mat der Danièle Keup vun der Liga Gaart an Heem