Kultur
Highlights vun der Literatur 2023: de Servais-Präis fir de Jérôme Quiqueret
Eng Koppel gëtt doheem ermuert. Korrupt Flicken. Ideologesch Kämpf a Politik a Press. An der Aarbechterstad Esch ëm 1910. An alles richteg geschitt! An alles literaresch esou iwwerzeegend verschafft, datt de Journalist an Auteur Jérôme Quiqueret fir säi Buch "Tout devait disparaître. Histoire véridique d'un double meurtre commis à Esch-sur-Alzette à la fin de l'été 1910" mam Servais-Präis 2023 ausgezeechent gi war. Dorunner wëlle mir hei nach emol erënneren, dowéinst proposéiere mir Iech elo en Extrait aus dem Gespréich vum Michel Delage mam Jérôme Quiqueret.