Kultur
/ "Inclusioun a Bünekonscht“: en Debat an der Banannefabrik op Invitatioun vun der ASPRO
"Inclusioun a Bünekonscht“: en Debat an der Banannefabrik op Invitatioun vun der ASPRO
60 min
Am Laf vun der Saison hat d’Mierscher Kulturhaus ënner dem Titel "MOSAIK Kultur Inklusiv“ mat enger Hellewull Partner aus Konscht a Kultur en nationaalt Netzwierk fir méi Inclusioun an der Kultur lancéiert. Mat dobäi och d’Aspro, d’Association des professionnel.le.s du spectacle vivant au Luxembourg.
Konscht soll op si fir jiddwereen. Wëllen a kënne Mënsche mat Beanträchtegung zu Lëtzebuerg professionell Bünekënschtler ginn? Wat fir Formatioune brauchen hir Encadreuren, wéi Regisseuren, Choreographen, Realisateuren, Enseignanten? Ginn et erfollegräich Modeller aus dem Ausland, déi sech op Lëtzebuerg iwwerdroe loossen? D’Aspro hat an deem Kontext op eng Table ronde an d’Banannefabrik invitéiert, fir déi verschidde Vuë vu Kënschtler, Concernéierten, Vertrieder vun Institutiounen emol duerch den ëffentleche Raum openeen treffen ze loossen. Moderatioun vum Gespréich: Kerstin Thalau
Presentéiert vum
- Kerstin Thalau