Kultur
/ Kloer, Kierchbierg: dee kennt een? En neie Bléck op Bekanntes kann ni schueden.
Kloer, Kierchbierg: dee kennt een? En neie Bléck op Bekanntes kann ni schueden.
9 min
Am Optrag vum Fonds du Kirchberg war de Fotograf Christian Aschman ee Joer laang iwwer de Kierchbierg-Plateau ënnerwee, fir d’Evolutioun vun dësem Stater Quartier ze dokumentéieren. An engem Joer?? Tatsächlech changéiert dëse Stater Quartier nach ëmmer vill méi séier wéi vill anerer. Dem Christian Aschman säi Resultat impressionéiert a verwonnert, well ee méi wéi eemol de Kierchbierg guer net erëm erkennt. Bis den 10. Februar presentéiert hie seng Biller am LUCA, also am Luxembourg Center for Architecture am Gronn. Bis dohinner versicht d’Kerstin Thalau Iech eenzel Opnamen, iwwer d’Wuert, méi no ze bréngen.