Kultur
/ Konsumkritik um Terrain: "L'âge d'or", eng theatralesch Visite guidée duerch d'Belle Etoile
Konsumkritik um Terrain: "L'âge d'or", eng theatralesch Visite guidée duerch d'Belle Etoile
23 min
Eng Performance vun enger anerer Zort kann ee vun e Freideg un an der Belle Étoile erliewen. Ënner dem Numm “L’âge d’or” proposéieren de Schwäizer Duo Igor Cardellini an Tomas Gonzalez eng theatralesch Visite guidée duerch d’Belle Etoile, déi d’Form vun enger touristescher Architektur-Visitt unhëlt. Mat der Actrice Frédérique Colling gëtt de Visiteur duerch ee vun den Tempele vum Lëtzebuerger Konsum geféiert. Den Igor Cardellini an d’Frédérique Colling si beim Marc Clement a Jeff Schinker am Studio, fir iwwer hire Projet ze schwätzen.
Presentéiert vum
- Jeff Schinker