Kultur
Lëtzebuerger Koproduktioun kritt Grand Prix um Filmfestival zu Cannes
3 min
Bei der 77. Editioun vum Filmfestival vu Cannes e Samschdeg krut eng Lëtzebuerger Koproduktioun déi zweet héchst Auszeechnung: de Grand Prix. De Film vun der indescher Realisatrice Payal Kapadia “All We Imagine As Light” also “Alles wat mir eis ënner Liicht virstellen” gouf vun der Déifferdenger Firma Les Filmes Fauves, zesumme mat Frankräich, Holland an Indie koproduzéiert a gouf vum Lëtzebuerger Filmfong finanziell ënnerstëtzt. Wat dës Auszeechnung fir de Lëtzebuerger Filmsecteur bedeit, dat wollt de Pit Walté vun eiser Reporterin Michelle Barthel wëssen.
Presentéiert vum
- Michelle Barthel