Kultur
Margret Steckel
9 min
Margret Steckel, Joergang 1934, huet de Faschismus an Zweete Weltkrich erlieft, gouf an der Diktatur vun der DDR grouss, fir dann iwwer Berlin a München en Deel vun hirem Liewen an Irland, an England a schlussendlech zu Lëtzebuerg ze verbréngen. Si ass Dolmetscherin an Iwwersetzerin, zanter 1962 schreift si Erzielungen. 1992 gewënnt si den Nationale Literaturconcours, 1997 gëtt hir de Prix Servais iwwerreecht fir hir Erzielung "Der Letzte vom Bayrischen Platz". Den historesche Kontext ass a ville vun hire Schrëften ze fannen, net fir d’lescht am Roman “Servais”, eng Saga iwwer d’Mierscher Servais-Famill. 2023 gouf d‘Margret Steckel mam Nationale Batty-Weber-Präis fir hiert Gesamtwierk geéiert. Éier elo déi nei literaresch Auszeechnunge fir 2024 kommen, wollte mir d‘Margret Steckel nach emol zu Wuert komme loossen.