Kultur
Michael Krüger am gespréich
19 min
A sengem Wierk “Verabredung mit Dichtern” schreift den däitsche Schrëftsteller, Iwwersetzer a jorelaange Leeder vum Hanser-Verlag, de Michael Krüger iwwer seng Erënnerungen a Renconteren.
Seng Kandheet a Sachsen, de Wee an d’Ëmweeër bis bei de Hanser-Verlag an déi domat verbonne sëlleg Begéinungen a Frëndschafte mat groussen Nimm aus der Welt vun der Literatur an der Konscht, ginn hei vun him erzielt. De Michael Krüger war mat sengem Buch Invité am Institut Pierre Werner an och bei eis am Studio, fir e Gespréich mam Valerija Berdi. Haut en Extrait, dat ganzt Gespréich mat Auteur vum Wierk “Verabredung mit Dichtern – Erinnerungen und Begegnungen”, dat am Suhrkamp-Verlag eraus komm ass, kënnt der an der nächster Editioun vun eiser Literatursendung “Déi wonnerbar Valibrairie” lauschteren.
Presentéiert vum
- Valerija Berdi