arrow_back_ios
Fräie Mikro
Net d'Flüchtlinge sinn eng Gefor fir d'EU ...
headphones
4 min
Lauschteren
play_arrow
Vun haut bis e Sonndeg wiele ronn 370 Milliounen EU-Bierger:innen aus de 27 EU-Länner en neit Europaparlament. Migratioun an Asyl ginn an de Programmer vu ville Parteien thematiséiert, mat Behaaptunge wéi Baussegrenze musse verstäerkt ginn, Europa géif vu Flüchtlingen iwwerschwemmt oder eis Zivilisatioun stéing virum Ënnergang. Tatsaach oder Fake? Där Fro geet d’Biergerrechtlerin ronderëm Froe vum Zesummeliewen, d'Laura Zuccoli no.