A Frankräich huet déi nächst Canicule ugefaangen an och zu Lëtzebuerg soll et och den nächsten Deeg nees gutt waarm ginn. D’Politik diskutéiert wéi een am beschten op d’Hëtzt reagéiere soll a schafft u Plan-canicullen.
De Michel Pauly, Historiker a Mataarbechter vun der Zäitschrëft forum stellt am Fräie Mikro fest, datt d’Politik d’Urgence vu Moossname géint d’Klima- a Biodiversitéiskris nach net verstanen huet, obschonns d’Hëtzt ee Rekord nom anere brécht.