arrow_back_ios
Fräie Mikro
Oflenkung am Auto: esou banal an dach esou geféierlech
headphones
3 min
Lauschteren
play_arrow
D'Verschäerfung vun de Sanktioune war laang iwwerfälleg. Zanter ufanks des Joers kascht et 250 Euro a véier Punkten, wann ee mam Handy an der Hand telefonéiert oder soss en Ecran manipuléiert. Vläicht si véier Punkten an 250 Euro awer fir vill Leit eng Ofschreckung, mengt d’Isabelle Medinger, d’Direktesch vun der Sécurité Routière.