arrow_back_ios
Een zwee Jazz
Rocket Men an e Klassiker vum Eric Dolphy
headphones
60 min
Lauschteren
play_arrow
De Quintett Rocket Men aus Hamburg, Berlin a Leipzig präägt den urbane Jazz-Sound vun haut an ass de Moment ee vun den interessantsten däitschen Acts. Hire Klanguniversum besteet aus cineastesche Synthesizer-Welten, wëlle Bléiser-Linnen a rockegen Drum-Grooves.
D’Plack “Out to Lunch“ war dem Bassklarinettist Eric Dolphy säi Vermiechtnes a weist en Iwwergang an de Creative Jazz un. De Museker wier haut (20.6.) 96 Joer al ginn.